top of page
Rechercher

Merci !

  • Photo du rédacteur: Är Personalvertriedung
    Är Personalvertriedung
  • 17 févr. 2024
  • 1 min de lecture

( deutsch ) ( français )


Viru 5 Joer huet déi haiteg Delegatioun hire Waloptrag ugeholl a sech an dëser Zäit esou gutt   ewéi méiglech fir d’Mataarbechter vum CHNP agesat.


Mir hu probéiert am Sënn vum Mataarbechter, vum Patient /Client/Bewunner souwéi am Sënn vum CHNP, no beschtem Wëssen a Gewëssen Decisiounen ze huelen a mat ze droen. Verschiddener vun Iech haten individuell Uleies, anerer hate Mol ee kollektiivt Probleem. Zesummen hu mir no méigleche  Léisunge gesicht an a ville Fäll fonnt, awer leider och net ëmmer.


Wärend dëser Walperiod hu verschidde Memberen nei berufflech Rollen ugeholl. Wat zu Changementer an der Delegatiounsaarbecht gefouert huet, déi zäitweis en zimmlechen Challenge waren.


Hei wëlle mir dem Miguel nach eng Kéier e groussen MERCI vir säin Engagement an de leschte 17 Joer soen, dee säi Mandat an der Delegatioun duerch seng nei Funktioun net weiderféieren konnt. Den Miguel  huet Personaldelegatioun, déi säit 2003 niewent der Associatioun d’Personaluleies am CHNP vertrëtt , zu deem gemaach wat si haut ass.

Mir hunn op nationaler Eeben verhandelt an diskutéiert z.B fir Verbesserunge vum Kollektivvertrag an de Gesondheetssecteur besser opzestellen.


Selbstkritesch musse mir och feststellen, dat eis erëm net genuch Zäit bliwwen ass, fir esou präsent um Terrain ze sinn, wéi mir eis dat gewënscht hätten, well dëst zum schéinsten Deel vun eiser Aarbecht gehéiert.


Mir wëllen op dësem Wee och besonnesch eisen neie Kandidate Merci soen, dass si gewellt sinn sech an deenen nächste 5 Joer vir d’Interesse vum Personal ze engagéieren.

MERCI vir Äert Versteesdemech an Äert Vertrauen. Mir hoffen och an Zukunft vir Iech mat Rot an Dot dierfen do ze sinn .




 
 
 

Posts récents

Voir tout
Novo Acordo Coletivo de Trabalho (CCT)

Segue-se um comunicado de imprensa da OGBL, da LCGB e da Associação dos Hospitais do Luxemburgo, datado de 26 de março de 2026 (Nota: os representantes do pessoal foram envolvidos nas negociações e ad

 
 
 
1. Mai – Neimënster

Festival der Arbeit und der Kulturen, OGBL 10:00 Uhr › Empfang 10:30 Uhr › Kundgebung & 1.-Mai-Rede von Nora Back, Vorsitzende des OGBL 12:00 Uhr › Konzerte, Aufführungen & Ausstellungen für Jung und

 
 
 
Reavaliações nas carreiras – Classificação

No âmbito do novo acordo coletivo, pode acontecer, em certos casos, que a classificação na carreira atual seja alterada. Isto deve-se ao facto de os anos de antiguidade passarem agora a ser considerad

 
 
 

Commentaires


bottom of page